Samedi 18 Mai 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

33 Familljemembere vum Ben Ali festgeholl

Engem tuneseschen Televisiounssender no ass eng Enquête am gaangen. Et goufen 33 Familljemembere vum Ex-Staatschef vun der Justiz festgeholl. D'Nimm vun de Leit an de Grad vun hirer Verwandschaft mam Ben Ali sinn nach onbekannt.

De Sender huet awer zuelräich Bijouen, Aueren an international Bankkaarten gewisen, déi bei der Festnahm beschlagnahmt goufen. Di tunesesch Justiz huet um Mëttwoch e Verfahren géint de Ben Ali a seng Famill wéinst der illegaler Acquisitioun, widderrechtleche Finanztransaktiounen am Ausland,

an dem illegalen Export vun Devisen ageleet.

No dem Ben Ali senger 23-järeger Herrschaft iwwer Tunesien huet den Iwwergangspresident Foued Mebazaa um Mëttwoch e 'totale Broch mat der Vergaangenheet' versprach.

D'Schwäizer Regierung huet um Mëttwoch méiglech Konte vum Ben Ali a sengem Ëmfält agefrueren. D'Bundesregierung huet eng Initiativ zur Sperrung vun Ben Ali sengem Verméigen an der EU virgeschloen. Di franséisch Regierung hat schon seng Ënnerstëtzung fir en allgemengt Virgoen ugekënnegt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn